![]() | Neit Gebai vun der Ecole Radama Ier2025-04-21An de leschte Méint gouf eng Annexe, respektiv en 2. Gebai gebaut, dat fir d'Rentrée 2025/2026 soll opgoen. An dësem Deel vun der Schoul sinn 10 weider Klassesäll, 1 Sall fir Bibliothéik an Informatik an en neie Sall fir d'Kantinn.
E grousse MERCI geet op dëser Plaz un eis trei Donatrice Antoinette Schroeder, déi der Schoul scho bei der Renovéierung finanziell kräfteg ënnert d'Äerm gegraff hat, an elo beim neie Gebai d'Käschten fir den Daach, de Buedembelag an déi 12 metallen Dieren iwwerholl huet.
Eis Asbl huet bis elo ë.a. d'Fënsteren vum neie Gebai finanzéiert a wäert déi ganz Bannenariichtung vun de Säll iwwerhuelen.
Duerfir och nachmol e grousse MERCI un all déi, déi eis dëse Projet mat hirem Don erméiglecht hunn.
|
![]() | 11. Assemblée générale2025-04-08Donneschdes, den 20. Mäerz 2025 hate mir eis 11. Generalversammlung zu Biereng an der Scheier vum Restaurant A Guddesch.
D'Kolleeginnen aus dem Comité hunn dem Christiane Gros an dem Gaby Waringo-Kremer, déi no 10 Joer am Comité ophalen, Blummen an e klenge Kado iwwerreecht. Hinnen 2 och op dëser Plaz nachmol e grousse Merci fir hir wertvoll Aarbecht fir eis Asbl. Besonnesch d'Christiane huet als Trésorière onwahrscheinlech vill Stonnen vu senger Fräizäit investéiert.
Mir si frou, mam Sandra De Marie-Schaltz a Mario Glod zwee motivéiert Leit an de Comité konnten opzehuelen.
Nom Ofschloss vum offiziellen Deel, hu mir den Owend bei engem Iessen an engem kille Patt am Restaurant gemittlech zesummen ausklénge gelooss.
|