![]() | Rentrée 20262026-09-30Ufank September huet op Madagaskar d'Schoul ugefaangen. Bei dëser Geleeënheet kruten an eise 4 Partnerschoulen am Ganzen iwwer 1100 Schüler hiert Schoulmaterial vun eiser Asbl finanzéiert. Dëst ass fir hir Famillen eng grouss finanziell Entlaaschtung an d'Dankbarkeet war villen Elteren a Kanner an d'Gesiicht geschriwwen. Um éischte Schouldag kommen d'Schüler an d'Schülerinnen zesumme mat hiren Elteren an d'Schoul fir vun der Direktioun an eise Partnerinne vum Club International Soroptimist d'Antananarivo Mandrosoa hiert Material iwwerreecht ze kréien. Niewent dem Schoulmaterial hu mir wéi all Joer der Ecole Santa Lucia e puer Balle Stoff finanzéiert, aus deem Schouluniformen a Sportstenuë wäerte gebitzt ginn. An dëser Schoul garantéiere mir duerch d'Bezuele vun den Iesswueren an de Paië vun 3 KächInnen och weiderhin de Betrib vun der Kantin, wou 4 mol an der Woch eng 200 Leit gratis eng gesond Molzecht zerwéiert kréien. An der Ecole Radama bedeelege mir eis un de Käschte vu gutt 30 Molzechten, déi en Traiteur all Dag an déi kleng Cafeteria liwwert. An der Galerie gesitt dir d'Fotoen, déi bei der Rentrée a follgende Schoule gemaach goufen: Ecole Santa Lucia (200 Schüler, 16 Enseignantën) Lycée vun Ambararatabe (314Schüler, 13 Enseignantën) Ecole Radama Ier (235 Schüler, 20 Enseignantën) Ecole Ilanivato (373 Schüler, 8 Enseignantën) |