![]() | Chèqueiwwerreechung zu Eschduerf2025-09-03Den 11. Juli waren d'Sandra an d'Nadine um Schoulfest vum Campus "Am Ale Bësch" zu Eschduerf.
Mat däer riseger Zomm kënne mir dësen Hierscht d'Schoulmaterial fir déi gutt 1000 Kanner aus eise 4 Partnerschoulen op Madagaskar finanzéieren oder 200 Kanner an der Kantin vun der Ecole Santa Lucia bal ee ganzt Schouljoer laang 4x d'Woch e gratis Menü zervéieren.
Mir soen alle bedeelegte Schüler, Enseignanten, Elteren an anere Spender e grousse MERCI fir hir Ënnerstëtzung!
Fotoen vum Charles Reiser
|
![]() | Eng nei Bibliothéik fir de Lycée Ambararatabe2025-05-19D'Reenzäit op Madagaskar ass eriwwer an et kann endlech un der neier Bibliothéik vum Lycée Ambararatabe weidergebaut ginn.
Well d'Unzuel vun de Schüler vu Joer zu Joer méi grouss gouf, huet déi fréier Bibliothéik am Haaptgebai mussen an e Klassesall ëmgewandelt ginn.
Well et besonnesch fir d'Lycéesschüler wichteg ass, Zougang zu Sach-, Lies- a Schoulbicher ze hunn, hu mir eis Partnerschoul vun Ambararatabe iwwer Joren mat Bicher versuergt. Elo iwwerhuele mir déi komplett Käschten vum neie Gebai an dat d'Klassen ab der Rentrée am September d'Bicher consultéiere kënnen.
E grousse Merci un all Donateuren, déi eis d'Realiséierung vun dësem Projet erméiglechen. |