Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Chèqueiwwerreechung zu Eschduerf

2025-09-03

Den 11. Juli waren d'Sandra an d'Nadine um Schoulfest vum Campus "Am Ale Bësch" zu Eschduerf.
Hei kruten si e Chèque mat deem fantastesche Montant vun 13'000€ !!! iwwerrecht, déi d'Schoulkanner am Kader vun engem Spendelaf gesammelt hunn.
Mat däer riseger Zomm kënne mir dësen Hierscht d'Schoulmaterial fir déi gutt 1000 Kanner aus eise 4 Partnerschoulen op Madagaskar finanzéieren oder 200 Kanner an der Kantin vun der Ecole Santa Lucia bal ee ganzt Schouljoer laang 4x d'Woch e gratis Menü zervéieren.
Mir soen alle bedeelegte Schüler, Enseignanten, Elteren an anere Spender e grousse MERCI fir hir Ënnerstëtzung!
Fotoen vum Charles Reiser