Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Chèqueiwwerreechung zu Luerenzweiler

2025-09-03

E Sonndeg, den 13. Juli, waren d'Nadine an d'Sänd op enger weiderer Chèqueiwwerreechung.
Déi Luerenzweiler Schoulkanner sinn op hirem traditionelle Schoulmarathon Enn Mee Honnerte vu Kilomeetere gelaf an hunn dobäi fläisseg Sue fir eis Asbl gesammelt. Esou hunn si déi grouss Zomm vu 4'500€!! zesummekritt.
Heimat kënne mir d'Schoulmaterial fir ca. 350 malgache Schüler kafen, wat fir deenen hir Famillen eng enorm finanziell Entlaaschtung bedeit.
E grousse MERCI un d'Schüler, d'Enseignanten, d'APEEP, d'Gemeng, d'Elteren an all aner Sponsore fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.