Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    E Bloc sanitaire fir d'Ecole Santa Lucia

    2019-06-27

    D'Ecole Santa Lucia kritt endlech e Bloc sanitaire mat 3 Toiletten, engem Urinoir an 2 Lavaboen!
    D'Aarbechten, déi vun eiser Asbl finanzéiert ginn, gi gutt virun. An enger Woch hu 4 Männer, déi 6 Deeg d'Woch während 10 Stonnen pro Dag um Chantier schaffen, d'Fosse fäerdeg gebaut.

    Mir halen Iech an den nächste Wochen um Lafenden iwwert de Fortgang vun den Aarbechten...






    2252 Euro vun de Bartrénger Schoulkanner!

    2019-05-26

    D'Schoulkanner aus dem Cycle 4 vu Bartréng hunn an de Pause Kuch verkaaft fir 1 Euro d'Stéck. Si hunn op déi Manéier déi formidabel Zomm vun 2252 Euro gesammelt, déi si un eis Asbl spenden! D'Christiane Gros war dës Woch op Bartreng fir de Schüler en Abléck an d'Geographie vu Madagaskar souwéi an d'Liewensweis an déi zum Deel ganz schwiereg Liewensëmstänn op der Insel ze ginn. Si kruten och d'Aarbecht vun eiser Asbl virgestallt an erkläert, wéi si mat hierer Spend Schoulen op Madagaskar ënnerstëtzen an esou madagassesche Schüler eng besser Chance op eng schoulesch Ausbildung ginn.

    E grousse MERCI un all Schüler aus dem Cycle 4 vu Bartreng, d'Elteren an d'Enseignanten fir hier Ënnerstëtzung!






    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos