![]() | Ofschloss vum Schouljoer 2018/2019 an der Ecole Santa Lucia2019-09-07Op Madagaskar huet d'grouss Vakanz och elo ugefaangen. Fir den Ofschloss vum Schouljoer ze feieren, gouf an der Santa Lucia Schoul dëst Joer kee Schoulfest, mee en Iessen mat de Schüler an hieren Elteren organiséiert. Gekacht hunn d'Enseignanten zesumme mat 2 Elteren vu Schüler. Dobäi koumen och déi 2 vun eiser Asbl gesponsert ADES-Iewen an den Asaz, déi vill manner Holz verbrauchen wéi déi traditionnel madagassesch Iewen, souwéi d'Telleren, d'Schosselen an d'Besteck, dat d'Nadine an d'Christiane bei hierer leschter Rees op Madagaskar mat de Responsabelen vun der Schoul kafe waren. Mir wënschen alle Schüler an Enseignanten vun der Santa Lucia Schoul eng erhuelsam grouss Vakanz fir dass si voller Elan am Oktober an dat neit Schouljoer starte kënnen. |