Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Elektresch Installatioun am Lycée d'Ambararatabe

    2019-07-08

    Well et bis elo am Lycée d'Enseignement Général d'Ambararatabe keng elektresch Installatioun gouf, huet den Unterricht am Wanter mussen éischter ophalen, well et an de Klassesäll ze däischter war fir Cours ze halen. Eis Asbl huet dem ëffentleche Lycée dëst Joer déi finanziell Mëttel ginn, fir dat néidegt Material ze kafen, fir d'Klassesäll mat elektreschem Liicht ze équippéieren.
    De Physiksprofesser aus der Schoul huet zesumme mat senge Schüler vun der Première D Weekender laang un der Installatioun geschafft. An de Klassesäll goufe Kabele gezunn a Fassungen mat Bieren ubruecht an um Daach Photovoltaik-Panneauen opgeriicht.
    Ab elo kann am Wanter owes esou laang an der Schoul geschafft ginn ewéi am Summer.




    2. Phase vun den Aarbechten um Bloc sanitaire (Ecole Santa Lucia)

    2019-07-02

    An deene leschten 10 Deeg sinn d'Aarbechten um Bloc sanitaire vun der Santa Lucia Schoul gutt viru komm. D'Wänn vun de Fossen goufe beworf, déi éischt Réier goufe gesat an d'Maueren vum Gebai goufen eropgebaut. Fir d'Stabilitéit vum Bloc sanitaire ze garantéieren, sinn déi 4 Ecken aus Beton gegoss a mat Eisen verstäerkt ginn.





    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos