Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Ofschloss vum Schouljoer 2018/2019 an der Ecole Santa Lucia

    2019-09-07

    Op Madagaskar huet d'grouss Vakanz och elo ugefaangen.
    Fir den Ofschloss vum Schouljoer ze feieren, gouf an der Santa Lucia Schoul dëst Joer kee Schoulfest, mee en Iessen mat de Schüler an hieren Elteren organiséiert. Gekacht hunn d'Enseignanten zesumme mat 2 Elteren vu Schüler. Dobäi koumen och déi 2 vun eiser Asbl gesponsert ADES-Iewen an den Asaz, déi vill manner Holz verbrauchen wéi déi traditionnel madagassesch Iewen, souwéi d'Telleren, d'Schosselen an d'Besteck, dat d'Nadine an d'Christiane bei hierer leschter Rees op Madagaskar mat de Responsabelen vun der Schoul kafe waren.
    Mir wënschen alle Schüler an Enseignanten vun der Santa Lucia Schoul eng erhuelsam grouss Vakanz fir dass si voller Elan am Oktober an dat neit Schouljoer starte kënnen.




    3. Phase vun den Aarbechten um Bloc sanitaire (Ecole Santa Lucia)

    2019-08-05

    D'Aarbechten um Bloc sanitaire vun der Ecole Santa Lucia sinn an deene leschte Wochen erëm richteg virugaangen. D'Mauere si fäerdeg eropgebaut ginn an et koum en Daach op de Bau. Uschléissend goufen d'Wänn beworf an de d'Gebai gesäit elo scho richteg gutt aus. Am Moment gi bannen am Bloc sanitaire d'Tëschewänne eropgezunn esou dass 3 Toilettekabinnen entstinn.





    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos