Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Schoulfest an der Ecole Santa Lucia

    2019-05-15

    Op Madagaskar ass d'Schouljoer geschwënn eriwwer.

    Well virun allem d'Organisatioun vum Transport fir Schoulausflich ganz schwiereg ass, huet d'Santa Lucia Schoul décidéiert, dëst Joer e Schoulfest am Schoulhaff amplaz vun engem Ausfluch fir d'Klassen ze plangen. D'Kanner konnten do un Aktivitéiten deelhuelen an och Karrussell a "Riserad" fueren. Well en Tour vun e puer Minutten op esou engem Karrussell normalerweis vill Sue kascht, waren d'Schüler an hier Eltere ganz begeeschtert, fir um Schoulfest de ganzen Dag kënnen dovunner ze profitéieren.

    Beim gemeinsamen Iessen koumen déi grouss Dëppen, d'Telleren an d'Läffelsgeschier an den Asaz, déi d'Christiane an d'Nadine 2017 mat der Schouldirektesch op Madagaskar kafe waren. Gekacht gouf op de vun eiser Asbl finanzéierten Iewen vun ADES, déi vill manner Holz brauchen ewéi déi traditionell madagassesch Iewen.

    E gelongent Fest fir déi ganz Schoulgemeinschaft.






    Newsletter 7

    2019-03-31

    Eis aktuell Newsletter mam Aktivitéitsbericht vun 2018 an de Projetë fir 2019 kënnt dir elo mat engem Klick hei noliesen.

     Newsletter_7.pdf (122 KiB)





    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos