![]() | Chèque vun den Zéissenger Veräiner: 7 000 EURO!2018-10-31Kierzlech hunn déi Zéissenger Veräiner den Erléis vun hirem Bichermaart (27. & 28. Januar 2018) u verschidden Associatiounen iwwerreecht. Eis Asbl krut e Chèque vu 7 000 EURO! Dëse generéisen Don erméiglecht et eis, fir engersäits der Schoul "Santa Lucia" an der Haaptstaadt Antananarivo hire "Projet de Sécurisation de l'Ecole" (nei Diren, Fënsteren, neien Ustrach) ze ënnerstëtzen, anerersäits dëser Schoul an hire Schüler dat ganzt Schoulmaterial fir d'Rentrée ze finanzéieren. E ganz grousse MERCI den Zéissenger Veräiner fir hire bénévolen Asaz! (Foto: LW/Alain Piron) |
![]() | Projet "Sécurisation de l'Ecole"2018-09-28An der Schoul "Santa Lucia" an der Haaptstaadt Antananarivo ass de Projet d'Ecole 2017 / 2018, deen eis ASBL integral finanzéiert huet, ofgeschloss. D'Schoul ass méi abrochsëcher gemaach ginn, andeems nei metallen Diren a Fënsteren vun engem lokale Betrib agesat goufen. Ausserdem bleiwen lo d'Klassesäll bei Reestierm drëchen. Virun der Rentrée kritt och d'Fassade nach e neien Ustrach. Et ass dem onermiddlechen Asaz vun der Schouldirektesch Voahangy ze verdanken, dass d'Schoul lo fir d'malgache Rentrée Mëtt Oktober net nëmmen e neie Look huet an doduerch méi attraktiv ass, mee virun allem och méi sëcher ass. Lo kënnen d'Bicher an der Schülerbibliothéik stoe bleiwen, an d'Enseignanten brauchen hirt Material net méi all Dag mat heem ze huelen. E Merci gëlt och dem Club Soroptimist Tana an der Madame Misa, déi di finanziell Koordinatioun a Kontroll op der Plaz gemaach hunn. Dee gréisste Merci gëlt eise Memberen an Donateuren! Ouni Iech all wier dëse Projet net méiglech gewiescht! Hei d'Bild-Dokumentatioun vum Projet: |