![]() | Zesummenaarbecht mat ADES2018-09-25D'Zesummenaarbecht mat eisem Schwäizer Partner op Madagaskar ADES (Association pour le Développement de l'Energie Solaire) leeft gutt! Malgache Mataarbechter waren an de Schoulen, déi mir ënnerstëtzen, an hunn d'ADES Produits virgestallt, mat deenen d'Schoulkantinnen an d'Eltere vun de Schüler vill Sue spuere kënnen. D'Energiespueriewen OLI si sou gutt isoléiert, dass manner Holz a Kuele gebraucht ginn, fir domatt ze kachen. Doduerch gëtt och manner ofgeholzt, sou dass di malgache Flora a Fauna geschützt gëtt. D'Kanner kruten a Schoulcoursen Villes zu der Solarenergie an zu der eenzegarteger Déieren- a Planzewelt op Madagaskar erklärt. D'Elteren kruten en Informatiounsfilm gewisen an och unhand vun enger Kachdemonstratioun d'Funktionnéiere vun den Energiespueriewen praktesch erkläert. Doropshinn hunn 150 Elteren en Uewen bestallt. Si hunn e Beitrag vun 2-3 Euro pro Uewen geleescht (dat ass op Madagaskar 1 Dagesloun), an eis ASBL huet de Rescht finanzéiert. Hei e puer Fotoen vun der Présentatioun an der Distributioun vun den ADES Produits: |
![]() | 500 Euro vun der FGIL !!!2018-05-11Den 1. Mäerz 2018 huet de Kabaretsensembel "Peffermillchen" eng läscht Viirstellung am Keller vun der Gemeng Weiler-la-Tour ginn. D'FGIL (Fédération Générale des Instituteurs Luxembourgeois) hat eng Këscht opgestallt, wou d'Leit konnten e klengen Don draleën, a si huet iwwert d'Projetën vun eiser Asbl informéiert. Sou koumen 500 EURO deen Owend zesummen! Mir soen der FGIL, fgil@rts an dem Initiator vun dëser Aktioun, dem Änder Glodt, e ganz häerzleche MERCI fir dës spontan finanziell Hëllef! |