Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    3000 EURO vun den Helsemer Schoulkanner!

    2018-03-17

    Di Helsemer Schoulkanner an hir Enseignanten hu vill geschafft an organiséiert, fir dass hire Chrëschtmaart 2017 rem e grousse Succès war! Di formidabel Zomm vun 3000 EURO kruten d'Gaby an d'Françoise stellvertriedend fir eis Associatioun de 16. März 2018 bei enger sympathischer Feier an der Helsemer Schoul iwwerreecht. MERCI den Organisateuern, dem Léierpersonal, de Kanner an hiren Elteren!




    1. Sitzung vun eisem (erweiderte) Comité 2018

    2018-03-17

    Di 1. Arbechtssitzung vun eisem (erweiderte) Comité no der Generalversammlung vum 22. Februar 2018! Mir hu vill geplangt, diskutéiert an décidéiert a si voll motivéiert, fir mat der Ënnerstëtzung vun eise Memberen an Donateuren weiderhinn bal 600 Schüler op Madagaskar eng Perspektive ze bidden.

    Eisen aktuelle Comité setzt sech zesummen aus Nadine ELCHEROTH (Presidentin), Christiane GROS (Trésorière), Armand MIGNON, Nadine DIEDRICH-STEFFEN, Gaby WARINGO-KREMER a Françoise WIWINIUS-BÜCK (neie Member).






    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos