![]() | Don Schuathlon 20202020-11-02Den 11. Oktober 2020 war zu Miersch d’Chèque-Iwwerreechung mam Erléis vum Schuathlon 2020. 2 620 Euro krut d’Asbl vum Michèle & Claude Schulté-Schilt iwwerreecht. Dës formidabel Zomm wäert direkt der Schoul “Santa Lucia” an der malgacher Haaptstad Antananarivo zegutt kommen, fir de Projet “Schoulkantin” nach dëst Schouljoer ze lancéieren: Ëmbau vun 2 Klassesäll mat Géisse vun enger Betonsdall, Installatioun an Ekipement fir d’Kantin, Astelle vun enger Kächin, Finanzéiere vun 1 waarmer Moolzecht pro Schouldag fir all d’Schüler. Trotz der aktueller Covid-19 Situatioun gouf och dës 7. “Schuathlon”-Editioun duerchgefouert, allerdéngs an ugepasster Form. All Participant huet eenzel säi sportleche Bäitrag an der Woch vum 14.-20. September geleescht (Velofueren, Jogging, Yoga, Wanderen,…) a säi finanzielle Bäitrag un E PAK FIR MADAGASKAR asbl gespent. Der Sportlechkeet a Kreativitéit ware keng Grenze gesat! MERCI den Organisateuren! MERCI all Schuathlet, dee mat sengem Asaz an Don dozou bäidréit, datt an der Schoul “Santa Lucia” dëst Schouljoer all Kand eng waarm Moolzecht kritt. Mat eidelem Bauch léiert et sech net gutt. Fir d’Elteren ass d’Kantin en Ureiz méi, hir Kanner an d’Schoul ze schécken. All Schuathlet dréit sou ganz konkret zur schoulescher Bildung vu malgache Kanner bäi a bitt hinnen eng Zukunftsperspektiv.
|
![]() | Rentrée an der Ecole FJKM Ilanivato Misionera2020-10-10Och an der Ecole FJKM Ilanivato Misionera, war dës Woch Schoulrentrée. D'Primärschoul an engem aarme Quartier am Süden vun der Haaptstad Antananarivo zielt gutt 300 Schüler an 10 Enseignanten. Si hunn sech dëst Joer fir d'éischte Kéier kënnen iwwert Schoulmaterial freeën, wat hinnen vun eiser Asbl finanzéiert gouf. D'Freed an d'Dankbarkeet waren deementspriechend grouss. |