Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Verdeelung vun 31 weideren Iwwerliewenspäck

    2020-11-02

    E Samschdeg, den 31. Oktober 2020, hunn d'Soroptimisten vun Antananarivo weider 31 Iwwerliewenspäck verdeelt, déi eis Asbl finanzéiert huet. Dës Kéier hu mir de Famillen vun de Schüler an Enseignanten aus der Ecole Mahery Manjaka gehollef, déi nach un de Folgen vum laange Lockdown op Madagaskar leiden.

    D'Eltere brauchen ee gudde Mount laang net selwer fir d'Grondliewensmëttel opzekommen a kréien och d'Schoulmaterial fir hir Kanner finanzéiert. Dëst gëtt enger Rei Famillen d'Méiglechkeet, d'Schoulgeld fir hir Kanner opzebréngen an se weiderhin an d'Schoul ze schécken.

    E grousse MERCI am Numm vun den Elteren, de Soroptimisten vun Tana a vun eiser Asbl un all d'Donateuren, déi dës Aktioun méiglech gemaach hunn.






    Rentrée an der Ecole Santa Lucia

    2020-11-02

    Mëtt Oktober war d'Rentrée an der Ecole Santa Lucia. Hei sinn dëst Schouljoer 165 Kanner ageschriwwen, 80 am Primaire a 85 am Secondaire. Si all goufe vun eiser Asbl mat Schoulmaterial equipéiert, sou dass hier Elteren net mussen dofir opkommen.

    Dass d'Ecole Santa Lucia dëst Joer gutt 30 Schüler méi huet ewéi d'lescht Joer ass der Directrice no dem gudde Ruff vun der Schoul an den Nopeschquartieren ze verdanken, deen si ënnert Anerem duerch d'Hëllef vun eiser Asbl kritt huet (Finanzéiere vun Iwwerliewenspäck wärend dem Lockdown a vum Schoulmaterial fir d'Rentrée, Renovatioun a Sécurisatioun vun der Schoul...)

    Am Moment gëtt an der Santa Lucia Schoul fläisseg un enger Kantin geschafft, déi et geschwënn all hire Schüler soll erméiglechen, eng waarm Moolzecht pro Dag ze kréien. 







    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos