Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Eng Schoulkantin fir d'Ecole Santa Lucia

2021-03-10

Et ass souwäit!!! D’Schoulkantin an der Primärschoul “Santa Lucia” zu Tana ass säit dem 1. März 2021 a Betrib!!! 
All Schouldag (4 Deeg an der Woch) kréien 190 Schüler an 10 Enseignanten eng gratis waarm Moolzecht! 
“Du jamais vu” an dëser Schoul, an dësem sozial defavoriséierte Quartier vun Tana! D’Freed ass grouss, well mat eidelem Mo léiert et sech net gutt. Grad lo a Covid-Zäiten hunn d’Famillen nach méi Problemer, genuch fir z’iessen ze hunn. Do ass eng gratis Kantin eng grouss Suerg manner an eng zousätzlech Motivatioun, d’Kanner net op d’Stroos oder op d’Schaff, mee an d’Schoul ze schécken!
 
 


Säit der Rentrée am Oktober 2020 ass vill geschitt:
 
1 Klassesall ass als Refectoire ëmgebaut ginn
1 anere Klassesall ass renovéiert ginn
1 Fräiloftkichen ass gebaut ginn
1 Schräiner huet Mobilier (100 Still, 10 Dëscher, Regaler, Schief) gezammert
3 Kächinne sinn agestallt ginn a kachen op den Energiespueriewen vun ADES (50% manner Holzkueleverbrauch!)
Eltere vu Schüler (Baueren, Metzler, Händler) liwweren Uebst, Geméis a Fleesch fir d’Menüen.
1 Grossist beliwwert d’Schoul a grousser Quantitéit mat “produits de première nécessité” PPN: Räis, Ueleg, Holzkuelen, Salz, Zocker...
Schouldirektioun, Enseignanten, Elteren, Schüler an de Club Soroptimist Tana an eis Asbl schaffen engagéiert Hand an Hand a suergen fir d’Organisatioun an den Oflaf vun der Kantin!
 
Dëse formidabele Projet wier ouni déi enorm Ënnerstëtzung vu villen Donateuren net ze lancéiere gewiescht!
MERCI jidderengem dofir!
Lo heescht et, de Projet um Lafen ze halen. Dofir sinn d’Schüler op all Spend (Mentioun KANTIN) ugewisen: all Euro hëlleft, keen Honger ze hunn!
Mat 0,40 Euro kritt 1 Schüler eng gratis Moolzecht.
Mat insgesamt 50 Euro / Mount hunn déi 3 Kächinnen een Akommes a kënne fir hir Famill suergen.
 
MERCI fir Är Solidaritéit mat de malgache Schoulen!