![]() | Rentrée 2020/2021 op Madagaskar2020-10-09An der Woch vum 5. Oktober 2020 ass op Madagaskar d'Rentrée an de Schoulen. Wéi schonn an de leschte Joren finanzéiert eis Asbl och dëst Joer erëm d'Schoulmaterial vu ronn 820 Schüler aus 5 Schoulen. D'Elteren vun dëse Kanner brauchen net fir d'Schoulmaterial opzekommen, wat fir si eng enorm finanziell Erliichterung ass, besonnesch no der schwéierer Zäit vum Lockdown. Mir wënschen hinnen eng gutt Rentrée a vill Erfolleg an der Schoul. |
![]() | E Pak géint den Honger: Verdeele vu weideren Iwwerliewenspäck2020-08-02Dëse Samschdeg, 1. August 2020, konnten endlech weider Iwwerliewenspäck un 253 Famillen verdeelt ginn. Well d'Regioun ëm d'Haaptstad Antananarivo an engem 2. Lockdown war an e Versammlungsverbuet gegollt huet, war dat leider net éischter méiglech. D'Soroptimisten vun Antananarivo, eis Partner op Madagaskar, hunn dës Schoul an deene leschte Joren schonn e puer Mol ënnerstëtzt an hunn eis op d'Nout vun de Famillen opmierksam gemaach. Vill Familljepappen schaffen um Bau an haten e puer Méint keen Akommes. |