Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb
  • Joie de vivre…"façon malgache”

  • Machines à coudre (grâce aux dons luxembourgeois)

  • Bibliothèque scolaire (grâce aux dons luxembourgeois)

  • Collaboration luxembourgeoise - malgache

  • Rencontre luxembourgeoise - malgache

  • Cours de physique malgache

  • Salle de classe malgache

  • Avenir malgache

  • Jouet... “façon malgache”

  • Sourires malgaches

Actualités


Rentrée 2026

2026-09-30

Ufank September huet op Madagaskar d'Schoul ugefaangen. Bei dëser Geleeënheet kruten an eise 4 Partnerschoulen am Ganzen iwwer 1100 Schüler hiert Schoulmaterial vun eiser Asbl finanzéiert. Dëst ass fir hir Famillen eng grouss finanziell Entlaaschtung an d'Dankbarkeet war villen Elteren a Kanner an d'Gesiicht geschriwwen.

Um éischte Schouldag kommen d'Schüler an d'Schülerinnen zesumme mat hiren Elteren an d'Schoul fir vun der Direktioun an eise Partnerinne vum Club International Soroptimist d'Antananarivo Mandrosoa hiert Material iwwerreecht ze kréien.

Niewent dem Schoulmaterial hu mir wéi all Joer der Ecole Santa Lucia e puer Balle Stoff finanzéiert, aus deem Schouluniformen a Sportstenuë wäerte gebitzt ginn.

An dëser Schoul garantéiere mir duerch d'Bezuele vun den Iesswueren an de Paië vun 3 KächInnen och weiderhin de Betrib vun der Kantin, wou 4 mol an der Woch eng 200 Leit gratis eng gesond Molzecht zerwéiert kréien.

An der Ecole Radama bedeelege mir eis un de Käschte vu gutt 30 Molzechten, déi en Traiteur all Dag an déi kleng Cafeteria liwwert.

An der Galerie gesitt dir d'Fotoen, déi bei der Rentrée a follgende Schoule gemaach goufen:

Ecole Santa Lucia (200 Schüler, 16 Enseignantën)

Lycée vun Ambararatabe (314Schüler, 13 Enseignantën)

Ecole Radama Ier (235 Schüler, 20 Enseignantën)

Ecole Ilanivato (373 Schüler, 8 Enseignantën)

E grousse MERCI un all eis Donateuren, déi eis dës Projeten erméiglecht hunn.
MERCI fir Är Generositéit an Äert Vertrauen!






Chèqueiwwerreechung zu Luerenzweiler

2025-09-03

E Sonndeg, den 13. Juli, waren d'Nadine an d'Sänd op enger weiderer Chèqueiwwerreechung.
Déi Luerenzweiler Schoulkanner sinn op hirem traditionelle Schoulmarathon Enn Mee Honnerte vu Kilomeetere gelaf an hunn dobäi fläisseg Sue fir eis Asbl gesammelt. Esou hunn si déi grouss Zomm vu 4'500€!! zesummekritt.
Heimat kënne mir d'Schoulmaterial fir ca. 350 malgache Schüler kafen, wat fir deenen hir Famillen eng enorm finanziell Entlaaschtung bedeit.
E grousse MERCI un d'Schüler, d'Enseignanten, d'APEEP, d'Gemeng, d'Elteren an all aner Sponsore fir hir wäertvoll Ënnerstëtzung.






Suivante Dernière

baobabà propos de
MADAGASCAR
Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
Lire la suite

Ceci est une vidéo de Youtube. Cliquez ici afin d'accepter des cookies de Google.

» plus de vidéos