![]() | Eng nei Bibliothéik fir de Lycée Ambararatabe2025-05-19D'Reenzäit op Madagaskar ass eriwwer an et kann endlech un der neier Bibliothéik vum Lycée Ambararatabe weidergebaut ginn.
Well d'Unzuel vun de Schüler vu Joer zu Joer méi grouss gouf, huet déi fréier Bibliothéik am Haaptgebai mussen an e Klassesall ëmgewandelt ginn.
Well et besonnesch fir d'Lycéesschüler wichteg ass, Zougang zu Sach-, Lies- a Schoulbicher ze hunn, hu mir eis Partnerschoul vun Ambararatabe iwwer Joren mat Bicher versuergt. Elo iwwerhuele mir déi komplett Käschten vum neie Gebai an dat d'Klassen ab der Rentrée am September d'Bicher consultéiere kënnen.
E grousse Merci un all Donateuren, déi eis d'Realiséierung vun dësem Projet erméiglechen. |
![]() | Neit Gebai vun der Ecole Radama Ier2025-04-21An de leschte Méint gouf eng Annexe, respektiv en 2. Gebai gebaut, dat fir d'Rentrée 2025/2026 soll opgoen. An dësem Deel vun der Schoul sinn 10 weider Klassesäll, 1 Sall fir Bibliothéik an Informatik an en neie Sall fir d'Kantinn.
E grousse MERCI geet op dëser Plaz un eis trei Donatrice Antoinette Schroeder, déi der Schoul scho bei der Renovéierung finanziell kräfteg ënnert d'Äerm gegraff hat, an elo beim neie Gebai d'Käschten fir den Daach, de Buedembelag an déi 12 metallen Dieren iwwerholl huet.
Eis Asbl huet bis elo ë.a. d'Fënsteren vum neie Gebai finanzéiert a wäert déi ganz Bannenariichtung vun de Säll iwwerhuelen.
Duerfir och nachmol e grousse MERCI un all déi, déi eis dëse Projet mat hirem Don erméiglecht hunn.
|