![]() | Sécurisatioun vun der Ecole Santa Lucia2020-03-01Nodeems eis Asbl d'Ecole Santa Lucia am Joer 2018 duerch de Financement vun neie Fënsteren, Dieren an dem Ustrach vum Gebai méi sécher an attraktiv fir d'Schüler gemaach huet an 2019 de Bau vun engem Bloc sanitaire erméiglecht huet, krute mir d'lescht Woch d'Nouvelle, dass déi 2. Phase vun der Sécurisatioun vun der Schoul elo esouwäit ofgeschloss gouf. Ronderëm de Schoulhaff gouf eng stabil Mauer op zolitte Fondamenter gebaut, nodeems Deeler vun der fréierer Mauer vun de Waassermassen an der Reenzäit ewechgerappt goufen. Elo feelen nach eng grouss Paart an eng Dier, déi an nächster Zukunft sollen agebaut ginn an da kënnen d'Schüler sech erëm ganz sécher an der Enceinte vun hierer Schoul bewegen. E grousse Merci un all eis Donateuren, ouni déi mir esou Projeten net realiséiere kéinten! |
“Défi” vum Emma a Stefania (LAML)2019-12-01Um 1. Advents-Weekend hunn zwou 7e Schülerinnen aus dem Lycée Aline Mayrisch (LAML), zu Bartréng um Chrëschtmaart em di 50 Tuten mat selwergebake Kichelcher verkaaft. Dës super Aktioun hu si am Kader vun hirem “Défi” réaliséiert. All 7e Schüler am LAML kann sech tëschent Oktober bis Mee en Défi setzen, dh versichen en Zil ze erreechen, wat si sech selwer setzen.
Méi Informatiounen zum Projet “Défi” fannt Dir via dëse Link:
D’Emma an d’Stefania hu sech drun erënnert, dass si schonn zweemol mat hirer Klass an der Bartrénger Primärschoul Kuch asw verkaaft, an den Erléis vun däer Aktioun eiser Asbl zoukomme gelooss haten. Dofir hu si sech och fir hiren Défi als 7e Schüler d’Zil gesat, eis Asbl mam Erléis vun hirer Aktioun ze ënnerstëtzen.
Hiren Défi hu si exemplaresch gemeeschtert: iwwer 400 EURO hu si zu Bartréng um Chrëschtmaart gesammelt!
Dës Suen wäerte mir asetzen, fir der Schoul "Santa Lucia" zu Antananarivo ze hëllefen, hiert Schoulgebei nach méi sécher ze maachen, andeems d’Mauer ronderem d’Schoul nei opgeriicht gëtt an eng stabil Paart drakënnt, déi ee kann zouspären.
Emma a Stefania, MERCI a BRAVO fir är Aktioun! |