![]() | Rentrée 2020/2021 op Madagaskar2020-10-09An der Woch vum 5. Oktober 2020 ass op Madagaskar d'Rentrée an de Schoulen. Wéi schonn an de leschte Joren finanzéiert eis Asbl och dëst Joer erëm d'Schoulmaterial vu ronn 820 Schüler aus 5 Schoulen. D'Elteren vun dëse Kanner brauchen net fir d'Schoulmaterial opzekommen, wat fir si eng enorm finanziell Erliichterung ass, besonnesch no der schwéierer Zäit vum Lockdown. Mir wënschen hinnen eng gutt Rentrée a vill Erfolleg an der Schoul. |