![]() | Kantin an der Ecole Santa Lucia2021-10-06Mat der Schoulrentrée op Madagaskar gouf an der “Ecole Santa Lucia” och d’Kantin nees a Betrib geholl! D’Schüler, hir Famillen, d'Kächinnen an d’Schoulpersonal sinn immens frou an dankbar, dass si grad lo -an Zäite vu Pandemie an Hongersnout- all Schouldag eng waarm Moolzecht offréiert kréien!!! Doduerch sinn d'Motivatioun an d'Disziplin, fir all Dag an d’Schoul ze goen an do säi Bescht ze ginn, nach méi grouss. Dat rapportéieren eis déi engagéiert Schouldirektesch an déi äifreg Dammen vum "Club Soroptimist Antananarivo" (eis Partner op der Plaz) ëmmer erëm. D’Präisser fir d’Grondliewensmëttel sinn op Madagaskar immens an d’Luucht gaangen, den Import vu Liewensmëttel ass ëmmer nach schwiereg op der Insel, déi malgache Recolten sinn wéinst der Dréchent ganz moer ausgefall. Et ass super, dass “eis” malgache Schoulen sech trotz, oder vläicht grad wéinst Corona, op eis Donateure verloosse kënnen! MERCI, dass si net vergiess sinn! MERCI fir Är wäertvoll Ënnerstëtzung! |
![]() | Waarm Kleeder fir 3 malgache Schoulen2021-09-23Nodeems d'Directrice aus der Ecole Santa Lucia eis virun e puer Wochen drop opmierksam gemaach huet, dass et ville vun hire Schüler an den ongehëtzte Klassesäll am malgasche Wanter (Juni - August) immens kal ass, well si keng waarm Kleeder hunn, waren eng Rei vun eise Memberen op eis geziilt Demande hin spontan bereet, waarmt Gezei, wat hire Kanner ze kleng ginn ass, ze spenden. Innerhalb vun e puer Deeg huet sech dem Nadine seng Garage mat Kierf voll Pulloveren, Jacketten, Händschen, Schalen, Mutzen, Strëmp, Schong a laang Boxen gutt gefëllt.
Nodeems den Tri gemaach war, goufen 343kg Gezei an 19 Këschte gefëllt a bei DHL op Tréier gefouert, wou se hir Rees vu gutt 5 Wochen op Madagaskar ugetrueden hunn.
8 Këschten waren un d'Ecole Santa Lucia adresséiert an och d'Ecole Ilanivato an engem Aarmevéirel vun Antananarivo wäert 80kg Gezei kënnen un hir Schüler verdeelen. Wéi dir op de Fotoe gesitt, war d'Freed iwwert déi 7 Këschten nei Kleeder och bei de Schüler vum Lycée Ambararatabe ganz grouss.
E grousse MERCI un all Frënn a Memberen, déi Gezei gespend hunn; un déi 3 fläisseg Dammen fir d'Pake vun de Këschten an un de Charel, dee mat Auto an Unhänger ugetrueden ass fir déi 12Këschten mam Nadine zesummen op Tréier ze féieren.
|