Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    News vu Madagaskar

    2022-02-23

    Madagaskar ass wéi ganz vill Länner zolidd vun der Pandemie getraff ginn: vill Infizéierter an Doudeger, vun den 22 Mio Awunner si réischt 1 Mio geimpft. Dobäi kënnt eng immens Hausse vun de Präisser, och op de Grondnahrungsmëttel, um Uebst a Geméis. Fir kënnen ze garantéieren, dass all Schoulkand an der Schoul Santa Lucia weiderhin eng narhaft gratis Moolzecht kritt, hu mir de Budget fir de Projet Kantin eropgesat. Dat ass Dank der Ënnerstëtzung vun eisen Donateuren méiglech, MERCI!
     
    Lo ass haut den 3. Zyklon a kuerzen Ofstänn iwwert d‘Insel gejot, huet fir immens Schied un den Haiser, Stroossen a Brécke a virun allem fir Iwwerschwemmunge gesuergt. Vill Malgachen hunn dat bëssen, wat si haten, verluer. Déi puer Transportweeër sinn zerstéiert. Vill Schoulen sinn zou, well d‘Gebeier entweder gebraucht ginn, fir de Leit en Daach iwwert dem Kapp ze ginn, oder, well d‘Kanner net um gewinnte Schoulwee zu Fouss wéinst de futtisse Stroossen oder iwwerschwemmte Felder an d‘Schoul kënne kommen.
     
    Déi Schoulen, déi mir ënnerstëtzen, funktionéieren nach ëmmer a sinn net schlëmm vun den Onwieder beschiedegt ginn, well virun allem de Südosten vun der Insel getraff gouf, an net d‘Haaptstaadt, wou eis Schoule sinn. Mee d’Auswierkungen vu Pandemie a Naturkatastroph sinn och an dëse Schoulen ze spieren. Mir maachen als Asbl, wat mir mat eise Moyene à distance kënne maachen, a loossen eis malgache Partner net am Stach.
     
    Ganz houfreg si mir drop, dass mir et trotz de schwieregen Ëmstänn fäerdeg bruecht hunn, dass eng Schoul wärend dësem Schouljoer komplett renovéiert gëtt an am September wäert kënnen hir Dieren opmaachen! Des Renovatioun ass nëmme méiglech duerch een immens generéisen Don vun engem vun eise Memberen, deen awer anonym wëll bleiwen! Een Hoffnungsschimmer an dëse schwieregen Zäiten fir Madagaskar. MERCI am Numm vun de malgache Schoulkanner an Enseignanten!





    Chèque-Iwwerreechung “Lions Club Amitié”

    2021-11-05

    Fir déi drëtte Kéier gouf eis Asbl vum “Lions Club Amitié” ënnerstëtzt, dës Kéier mat engem Don vun 2500 Euro! De Jean-Claude Wiwinius, President vum Lions-Club a Member vun der éischter Stonn an eiser Asbl, hat sech als “Parrain" fir eis Associatioun agesat.
     
    Zesumme mat 5 aneren Associatiounen hate mir de 25. Oktober 2021 bei enger sympathescher Feier d’Geleeënheet, eis Associatioun an eis Projeten virzestellen, notamment de Projet “Hongersnout: Schoulkantin Santa Lucia”, an deen den Don integral fléisst. 
     
    Déi schlëmm Hongersnout, déi säit e puer Méint am Süden vu Madagaskar em sech schléit, féiert dozou, dass d’Famillen an d’Haaptstad flüchten, fir net ze erhéngeren. Déi Schoulen, déi mir zu Tana ënnerstëtzen, si lo nach méi gefuerdert an op eis Hëllef ugewisen. Säit Mäerz 2021 ginn an der Schoulkantin vun der Schoul "Santa Lucia" all Schouldag 214 Moolzechten vun 3 Kächinnen gekacht a gratis de Schüler an Enseignanten zerwéiert! Iwwerliewenswichteg fir vill Famillen, an en zousätzlechen Ureiz, fir hir Kanner an d’Schoul ze schécken an iwwert d’Bildung eng Chance op eng besser Zukunft ze hunn.
     
    MERCI dem Lions-Club Amitié fir d’Ënnerstëtzung a fir d’Vertrauen!






    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos