 | Visitt op Madagaskar Mee 20232023-05-30
Nodeems déi geplangte Rees duerch d'Pandemie e puer mol huet mussen no hanne verréckelt ginn, sinn eis Presidentin Nadine Elcheroth an eis Tresorière Christiane Gros de 27. Mee 2023 endlech op Madagaskar ukomm.
Fir sech kënne selwer e Bild dervun ze maachen, wéi sech eis Partnerschoulen an de leschte Jore weiderentwéckelt hunn a wéi déi vun eiser Asbl finanzéiert Projete lafen, hunn si a 7 Deeg e gutt gefëllte Programm (Treffen mat de Soroptimistinnen vun Antananarivo, eisen enorm wichtege Partner op der Plaz, a Visitt vun alle 6 Partnerschoulen).
Den 28. Mee stoung en Treffen mat den Dammen Misalalao a Loyola vum Club Soroptimist Antananarivo um Programm.
Hei gouf vill iwwert déi aktuell an déi zukünfteg Ausriichtung vun eiser Zesummenaarbecht geschwat, iwwert eise madagassesche Kont, d'Inflatioun op Madagaskar an eis Méiglechkeeten, de Schoulen ëmsou méi ze hëllefen.
Mat um Dësch souz och d'Antoinette Schroeder, eng trei Ënnerstëtzerin vun eiser Asbl, déi op eege Käschten op Madagaskar gereest ass fir sech e Bild vun eiser Aarbecht ze maachen.
D'Nadine an d'Christiane haten eng Wallis mat 62 Pëppercher am Gepäck, déi vun enger vun eise Memberen handgemaach goufen. Si ginn un d'Kanner vun enger Crèche gespent, déi vun de Soroptimisten geréiert gëtt.
Den 29. Mee hunn sech déi 5 Dammen op de Wee an de Lycée vun Ambararatabe gemaach, deen 180km vun der Haaptstad Antananarivo ewechläit. Well et net iwwer fest Stroossen, mee iwwer Piste goung, waren 2 Deeg fir d'Hin- an Zréckrees geplangt.
Um Dënschdegmoien haten si eng interessant Visitt vum Lycée mat allen Enseignanten an 3 Elterevertrieder. Nom plëtzlechen Dout vum fréieren Direkter Haingo virun e puer Méint, waren si gespaant, wéi et aktuell an dëser Schoul leeft a wéi d'Zesummenaarbecht mat der neier Schoulleedung ausgesäit.
Wärend enger ganz convivialer a konstruktiver Reunioun, an där d'Christiane an d'Nadine eis Erwaardungen an de Fonctionnement vun eiser Asbl erkläert an d'Malgachen hir Doleancen, Schwieregkeeten an aktuell Besoinen virgedroen hunn, goufen e puer Iddien fir déi weider Zesummenaarbecht festgehalen. Ganz opschlossräich war duerno d'Visitt bei de 1ère an 2ème Schüler (3 Klassen mat all Kéier ca 60 Schüler).
Ganz frou waren d'Christiane an d'Nadine doriwwer, dass d'Infrastrukturen, déi eis Asbl finanzéiert huet an engem ganz gudden Zoustand sinn a fläisseg genotzt ginn. Dëst gëllt esouwuel fir de Sportsterrain ewéi och fir déi vun eis equipéiert Schüler- a Proffebibliothéik. Och d'Photovoltaikanlag, mat där all d'Klassesäll an d'Bibliothéik kënne beliicht ginn, fonctionéiert impeccabel.
E grousse Merci geet op dëser Plaz un Soroptimistinnen Misalalao a Loyola, déi d'Urees an de Lycée op eege Käschten ugetrueden hunn an eng wäertvoll Hëllef beim Organiséieren an Iwwersetzen sinn.
Um Dënschdegowend sinn déi 5 Dammen erëm gutt an der Haaptstad ukomm, wou e Mëttwoch d'Visitt vun der Ecole Ilanivato um Programm steet.
Um Mëttwoch (31. Mee) stoung d'Visitt vun der Schoul Ilanivato, eiser gréisster Partnerschoul, um Programm. Si gouf 1931 an engem Aarmevéierel vun der Haaptstad Antananarivo gegrënnt an och haut nach gëtt et an dësem Véierel ganz vill Misär an d'Liewensëmstänn si ganz schwéier fir d'Schüler an hir Famillen. Fir eng Chance op eng besser Zukunft ze hunn, ass et ëmsou méi wichteg, dass d'Kanner Zougang zu schoulescher Bildung hunn.
D'Nadine an d'Christiane goufen och hei vum Antoinette an dem Misalalao begleet, wéi si sech fir eng ganz informativ Entrevue mat der Schouldirektesch an 2 Elterevertrieder zesummegesat hunn. D'Besoinen vun der Schoul goufen theoretesch definéiert an duerno bei enger Visite des Lieux bekräftegt.
An der Schoul Ilanivato sinn dëst Joer 350 Kanner am Alter vu 4-13 Joer ageschriwwen. Si sinn op just 7 (!) Klasse verdeelt a gi vun 8 Enseignanten betreit. D'Klassesäll si fir d'Gruppen vu 50 Kanner ze kleng, schlecht gelëft, ze waarm (z.D. ënnert dem Blechdaach) a mat enger Bier pro Klassesall och ze schlecht beliicht. Doniewent sinn se och net schallisoléiert an et si ganz schwiereg Konditiounen fir jiddereen. Trotzdeem ass d'Schoul ganz gutt geréiert an d'Enseignanten ganz engagéiert. D'Kanner wierke frou a fläisseg, hu wonnerbar Schrëften, immens schéin Hefter a passe gutt op hiert Material op.
A wéi enger Form mir eis Hëllef fir d'FJKM Ilanivato an Zukunft nach kënnen erweideren, wäerte mir an eiser nächster Comitésversammlung beschwätzen.
En Donneschdeg haten d'Christiane an d'Nadine e ganz chargéierte Programm. Als éischt waren si moies an der Ecole Santa Lucia. No engem Gespréich mat der Direktioun, 3 Elterevertrieder an alle 17 Enseignanten goung et dunn an déi 9 Klassen mat insgesamt 180 Schüler. Hei konnten déi 2 Dammen sech mat eegenen An dervun iwwerzeegen, dass net nëmmen e qualitativ gudden Unterricht gehale gëtt, mee och d'Gebai an alles, wat mir dëser Schoul finanzéiert hunn, a guddem Zoustand ass. Duerch d'Mauer mat der grousser Paart ass d'Schoul uerdentlech securiséiert. De Bloc sanitaire, deen 2019 installéiert gouf, fonctionéiert nach ëmmer an ass gutt an der Rei. An der Kantin hunn zwou Kächinnen an ee Kach haut Räis mat Tomaten, Brèdes an Zebufleesch zerwéiert. Giess gouf an 2 Schichten, fir d'éischt déi kleng Schüler an duerno déi grouss. D'Enseignanten iessen zum Schluss. Si mussen de Kanner d'Iessen an hir Schosselen ginn, déi si vun doheem matbréngen. Doduerch fällt d'Spull an der Schoul ewech an d'Kanner mussen nom Iessen just den Dësch ofmaachen.
Uschléissend hunn d'Soroptimistinnen dem Nadine an dem Christiane an engem méi ländlechen Deel vun Antananarivo "hire" Projet gewisen; eng Crèche fir 24 Kanner mat derbäi enger Maternité an engem Zänndokter. Hei konnten si déi selwergemaache Pëppercher verdeelen a mat der "sage-femme" schwätzen. Dëse Projet wäert vun eiser Asbl leider net kënnen subventionéiert ginn, mee mir hu schonn eng Iddi, wien do vläicht kéint ënnerstëtzend asprangen.
Als 3. Visitt vum Dag stoung am Nomëtteg nach d'Ecole Chouchou um Programm. Hei koum et leider zu Divergenzen mat der Schoulleedung a mir hunn d'Decisioun geholl, dës Schoul an Zukunft net weider ze ënnerstëtzen.
Um Freideg stoung d'Visitt vun deenen zwou leschte Partnerschoulen um Programm.
Moies goung et an déi komplett renovéiert Ecole Radama Ier, wou d'Nadine an d'Christiane den neien Direkter perséinlech kennegeléiert hunn. Hien ass e ganz bescheidenen, kompetente Mann, deen immens vill Asaz fir seng Schoul bréngt. D'Enseignanten sinn top ausgebilt, engagéiert an assuréieren e qualitativ héichwäertegen Unterrecht. Am éischte Joer no der grousser Renovatioun sinn 80 Schüler, verdeelt op 7 Klassen, an der Radama Schoul ageschriwwen. Fir d'nächst Schouljoer wäerten et der schonn 150 sinn. Den Haaptproblem an dësem Quartier ass d'Sécherheet. Fir d'Schoul ze securiséieren huet den Direkter ronderëm de ganze Komplex en elektreschen Drot installéiert an et gouf e System agefouert, dass genee gewosst ass, wien d'Kanner no der Schoul siche kënnt, well de Risiko vu Kidnapping fir Organhandel a Pedophilie zimmlech héich ass. D'Elterevertrieder hunn sech immens frou doriwwer gewisen, hir Kanner a Sécherheet an esou enger gutt gefouerter a qualitativ gudder Schoul ze wëssen.
Mir si frou, dass mir dem neien Direkter vertraut hunn an u seng Visioun gegleeft hunn, aus enger Schoul, déi total erofkomm war a wou just d'Bausubstanz gutt war, eng wonnerbar nei a sécher Schoul ze maachen. E ganz grousse MERCI geet un all eis Donateuren a virun Allem un d'Antoinette. Ouni déi grouss finanziell Ënnerstëtzung hätte mir dee Projet net kënnen ugoen!
Am Nomëtteg goung et dunn an déi kleng a ganz arem Schoul Mahery Manjaka an engem méi ländleche Quartier vun Antananarivo. Wéinst der Inflatioun op Madagaskar huele leider ëmmer méi vun deenen aarme Famillen hir Kanner am Laf vum Joer aus der Schoul. All Hand gëtt doheem oder um Feld gebraucht. Et huet den Elteren vun dëser Schoul immens gehollef, dass mir hinnen d'Schoulmaterial fir d'Rentrée finanzéiert hunn, mee mëttlerweil bréngen si och d'Schoulgeld an d'Suen fir d'Schouluniformen net méi op a si si gezwongen, hir Kanner aus der Schoul ze huelen an se, wann iwwerhaapt, an déi gratis ëffentlech Schoul ze ginn.
Haut steet nach en Debriefing mat de Soroptimistinnen um Programm. Mir sinn dëse sympatheschen a kompetente Fraen immens dankbar fir hiren onermiddlechen Asaz fir eis Asbl. Et ass onwarscheinlech wichteg fir eis, esou e Partner op der Plaz ze hunn, deen alles organiséiere kann, wat "à distance" schwiereg ass, deen am enken Austausch mat alle Schoulen ass, si ënnerstëtzt a gläichzäiteg och en An drop huet, dass alles esou gehandhaabt gëtt, wéi mir et mat hinnen ofgeschwat hunn. D'Visitt dës Woch wier ouni d'Soroptimistinnen sécher vill méi komplizéiert a manner effikass gewiescht. E grousse MERCI un d'Dammen vum Club Soroptimist Antananarivo Mandrosoa!
|