Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb
Projets

ADES



D'Zesummenaarbecht mat eisem Schwäizer Partner op Madagaskar ADES (Association pour le Développement de l'Energie Solaire) leeft gutt!
Malgache Mataarbechter waren an 2 Schoulen, déi mir ënnerstëtzen, an hunn d'ADES Produits virgestallt, mat deenen d'Schoulkantinnen an d'Eltere vun de Schüler vill Sue spuere kënnen. D'Energiespuerkacher OLI si sou gutt isoléiert, dass manner Holz a Kuele gebraucht ginn, fir domatt ze kachen. Doduerch gëtt och manner ofgeholzt, sou dass di malgache Flora a Fauna geschützt gëtt.
D'Kanner kruten a Schoulcoursen Villes zu der Solarenergie an zu der eenzegarteger Déieren- a Planzewelt op Madagaskar erklärt. D'Elteren kruten en Informatiounsfilm gewisen an och unhand vun enger Kachdemonstratioun d'Funktionnéiere vun den Energiespueriewen praktesch erkläert.
Doropshinn hunn 137 Elteren en Uewen bestallt. Si hunn e Beitrag vun 2-3 Euro pro Uewen geleescht (dat ass op Madagaskar 1-2 Dagesléin), an eis ASBL huet de Rescht finanzéiert. All Schoul krut zousätzlech vun eiser Asbl nach e Solaruewen finanzéiert.




Club Soroptimist Antananarivo



No engem Virtrag beim Club Soroptimist Minett (17.05.2017) iwwert eis Aarbecht a Projeten huet dëse Club spontan ee Club Soroptimist vun Tana kontaktéiert. Mir hu während eiser Visite (Juli 2017) 3 Dammen aus dësem Club getraff: eemol virun de Schoulvisiten an eemol duerno. Well si regelméisseg mat auslänneschen Associatiounen zesummeschaffen an di néideg Bankkontakten erméiglechen, hunn di 3 engagéiert Dammen eiser Asbl direkt hir Ënnerstëtzung a konkret Hëllef ugebueden an zesumme mat eis festgeluecht, wat Sënn mëcht, wat machbar a wat sécher ass. Si si lo eise fiable Partner op der Plaza ginn och regelméisseg an d’Schoule kucken. D’Konditioune vun dëser Zesummenaarbecht ginn an engem offiziellen Dokument festgehal, eng Konventioun genannt “Accord”tëschent dem Club Soroptimist vun Tana, der jeeweileger Schoul an eiser Asbl. Den Accordmam Détail vum Financement fannt Dir op eisem Internetsite ënnert der Rubrik “Qui sommes-nous?”