Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

ADES



D'Zesummenaarbecht mat eisem Schwäizer Partner op Madagaskar ADES (Association pour le Développement de l'Energie Solaire) leeft gutt!
Malgache Mataarbechter waren an 2 Schoulen, déi mir ënnerstëtzen, an hunn d'ADES Produits virgestallt, mat deenen d'Schoulkantinnen an d'Eltere vun de Schüler vill Sue spuere kënnen. D'Energiespuerkacher OLI si sou gutt isoléiert, dass manner Holz a Kuele gebraucht ginn, fir domatt ze kachen. Doduerch gëtt och manner ofgeholzt, sou dass di malgache Flora a Fauna geschützt gëtt.
D'Kanner kruten a Schoulcoursen Villes zu der Solarenergie an zu der eenzegarteger Déieren- a Planzewelt op Madagaskar erklärt. D'Elteren kruten en Informatiounsfilm gewisen an och unhand vun enger Kachdemonstratioun d'Funktionnéiere vun den Energiespueriewen praktesch erkläert.
Doropshinn hunn 137 Elteren en Uewen bestallt. Si hunn e Beitrag vun 2-3 Euro pro Uewen geleescht (dat ass op Madagaskar 1-2 Dagesléin), an eis ASBL huet de Rescht finanzéiert. All Schoul krut zousätzlech vun eiser Asbl nach e Solaruewen finanzéiert.