Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb
Projets

Projet "Sécurisation de l'Ecole"

Année: 2018

An der Schoul "Santa Lucia" an der Haaptstaadt Antananarivo ass de Projet d'Ecole 2017 / 2018, deen eis ASBL integral finanzéiert huet, ofgeschloss. D'Schoul ass méi abrochsëcher gemaach ginn, andeems nei metallen Diren a Fënsteren vun engem lokale Betrib agesat goufen. Ausserdem bleiwen lo d'Klassesäll bei Reestierm drëchen. Virun der Rentrée kritt och d'Fassade nach e neien Ustrach.

Et ass dem onermiddlechen Asaz vun der Schouldirektesch Voahangy ze verdanken, dass d'Schoul lo fir d'malgache Rentrée Mëtt Oktober net nëmmen e neie Look huet an doduerch méi attraktiv ass, mee virun allem och méi sëcher ass. Lo kënnen d'Bicher an der Schülerbibliothéik stoe bleiwen, an d'Enseignanten brauchen hirt Material net méi all Dag mat heem ze huelen.

E Merci gëlt och dem Club Soroptimist Tana an der Madame Misa, déi di finanziell Koordinatioun a Kontroll op der Plaz gemaach hunn.

Dee gréisste Merci gëlt eise Memberen an Donateuren! Ouni Iech all wier dëse Projet net méiglech gewiescht!




Projet "Terrain de Sport"

Année: 2018

Am “Lycée Général d’Ambararatabe” ass no 1 Joër Aarbecht de Sportsterrain fäerdeg! Dat gant Duerf huet bei der Réalisatioun vun desem Projet matgehollef. Eis Asbl huet dat ganzt Material an all d’Aarbechte finanzéiert, déi néideg waren. Vun dësem Terrain profitéiere net nëmmen d’Schüler an d’Enseignanten aus dem Lycée, mee all d’Leit aus däer klenger Staadt (3 000 Aw.) Den Terrain ass kuerz no der Schoulrentrée feierlech ageweiht ginn, an de malgachen Edukatiounsministère huet dem Lycée 2 weider Enseignanten an 100 Schoulbänken accordéiert.




Projet "Couture"

Année: 2018

An der Schoul “Santa Lucia” leeft säit der Rentrée 2018 / 2019 de “Projet Couture”. Eis Asbl finanzéiert all d’Material, wat gebraucht gëtt (Bitzmaschinnen, Stoff, …) a war an der Haaptstaadt d’Material zesumme mat der Directrice kafen. D’Schoul huet eng Damm agestallt, déi de Meedercher d’Grondkenntnisser an der Couture bäibréngt. Si bitzen an hire Bitzcoursen d’Schouluniformen an d’Sports-Tenuen, déi all Schüler brauch. Sou hunn dës Meedercher eng minimal berufflech Ausbildung, mat däer si sech als “Couturière” hirt Akommes selwer verdénge kënnen, wa si eventuell d’Schoul aus diversen Ursaache mussen ofbriechen.