Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Eis Präsidentin um "Camino del Norte"

    2023-07-26

    Wärend gutt 6 Wochen geet eis Präsidentin Nadine Elcheroth dëse Summer mam Rucksak um Réck vun Irun a Spuenien iwwert de "Camino del Norte" bis op Santiago de Compostela, dat iwwert 830km, an duerno eventuell nach weider bis Finisterre. Nom Motto "Um Camino fir Mada" wëllt d'Nadine iwwert dës Aktioun Sue sammelen, fir den Ekippement vu malgache Schoulen ze finanzéieren. All Don ass wichteg, all Don ass en zousätzlechen Usporn fir d'Nadine a motivéiert hatt, vill Kilometer an Ustrengungen op sech ze huelen, fir säin Zil ze erreechen.

    Gestart ass d'Nadine virun enger Woch an hatt mécht an der Moyenne 40'000 Schrëtt a 25-33km den Dag. Wéi dir an der Galerie heidrënner gesitt, huet hatt scho vill erlieft: flott Vuen, ustrengend Etappen mat ville Kraxelweeër, Iwwernuechtungen a groussen Dortoiren an Herbergen, interessant Begéinungen mat Pilger aus der ganzer Welt a mat Einheimeschen, zum Deel gutt Wanderwieder, awer leider och mol en Dag mat Reen, vill Bulli a rutschege Weeër...

    Op Facebook schreift hatt all Dag op senger Säit e flotte Bäitrag iwwert seng Erliefnisser vum Dag a wat hatt alles erlieft huet.

    Hatt freet sech iwwert all Don un eis Asbl op de Konto LU23 0030 1517 6692 0000.

    Bis gëschter si schonn 5'300€ fir dës Aktioun gespend ginn. E grousse Merci all deenen, déi scho gespend hunn oder dëst nach maache wäerten!

    Courage dem Nadine op sengem Wee!






    Visitt op Madagaskar Mee 2023

    2023-05-30

    Nodeems déi geplangte Rees duerch d'Pandemie e puer mol huet mussen no hanne verréckelt ginn, sinn eis Presidentin Nadine Elcheroth an eis Tresorière Christiane Gros de 27. Mee 2023 endlech op Madagaskar ukomm.
    Fir sech kënne selwer e Bild dervun ze maachen, wéi sech eis Partnerschoulen an de leschte Jore weiderentwéckelt hunn a wéi déi vun eiser Asbl finanzéiert Projete lafen, hunn si a 7 Deeg e gutt gefëllte Programm (Treffen mat de Soroptimistinnen vun Antananarivo, eisen enorm wichtege Partner op der Plaz, a Visitt vun alle 6 Partnerschoulen).






    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite

    Ceci est une vidéo de Youtube. Cliquez ici afin d'accepter des cookies de Google.

    » plus de vidéos