Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb
  • Joie de vivre…"façon malgache”

  • Machines à coudre (grâce aux dons luxembourgeois)

  • Bibliothèque scolaire (grâce aux dons luxembourgeois)

  • Collaboration luxembourgeoise - malgache

  • Rencontre luxembourgeoise - malgache

  • Cours de physique malgache

  • Salle de classe malgache

  • Avenir malgache

  • Jouet... “façon malgache”

  • Sourires malgaches

Actualités


Päck fir Madagaskar

2023-11-14

Wärend eiser Visitt op Madagaskar am Mee 2023 huet eng Engleschproff aus dem Lycée Ambararatabe eis gefrot, ob mir hir an de Schüler kéinten englesch Schoul- a Liesbicher zoukomme loossen. No engem Opruff bei verschiddenen Enseignants-Kolleeginnen koume ronn 150kg (!!!) englesch Bicher zesummen! Déi goufe verpaakt a lo op de laange Wee Richtung Madagaskar verschéckt. MERCI dem Muriel a Marie-Jo (Lycée Aline Mayrisch), dem Chantal (Lycée Classique Diekirch), dem Paule, Carole a Michèle (Lycée Ermesinde Miersch), déi an hire Lycéen vill englesch Bicher fir Madagaskar gesammelt hunn!

Och e Pak vun 20kg, gefëllt mat Spillsaachen a Kleeder, goufen an eng malgache Crèche geschéckt, déi vun eise Partner op der Plaz, dem Club Soroptimist Tana, an d’Liewe geruff gouf. MERCI dem Manon an dem Muriel, déi dofir gesuergt hunn, dass dëse Pak gutt gefëllt an d’Crèche ka geschéckt ginn!






Bilan vun der Aktioun "Um Camino fir Mada" an nei Projeten

2023-10-21

Wärend gutt 6 Wochen ass eis Presidentin Nadine Elcheroth am Summer 918km mam Rucksak um Réck vun Irun op Santiago de Compostela getrëppelt. Am Kader vun der Aktioun "Um Camino fir Mada" gouf esou déi wansinneg Zomm vu 24580€ gesammelt, wat all eis Erwaardungen iwwertraff huet. Mir soen e grousse Merci dem Nadine fir säin Asaz an allen Donateuren, déi hatt ënnerstëtzt a motivéiert hunn. Dir hutt eis et erméiglecht, eng ganz Rei Projeten an eise Partnerschoulen op Madagaskar unzegoen:

- An der Schoul « Santa Lucia » alimentéiert eng Waasserpompel de Bloc Sanitaire, de ganzen Haff gouf nei amenagéiert, 2 Klassesäll goufe renovéiert, an der Kantin gouf d’Kiche vergréissert.

- An der Schoul « Radama Ier » gëtt den 2. Stack mat weidere Klassesäll equipéiert, eng Imprimante an ee Laptop fir d’Schoulpersonal ugeschaaft, eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Mëttegiesse fir 40 Schüler matfinanzéiert.

- An der Schoul « Ilanivato » gëtt Tafelfaarf ugeschaaft.

- Am « Lycée Général d’Ambararatabe » kann eng stenge Mauer ronderëm d’Enceinte vum Lycée gebaut gi fir de Site ze securiséieren.

Zousätzlich lafen eis 2 permanent Projete weider (Schoulmaterial fir d’Rentrée fir ongeféier 1000 Schüler a 5 Schoulen; Kantin an der Schoul Santé Lucia mat 3 Kächinnen, wou 4 Moolzechten d'Woch fir 160 Schüler ugebuede ginn).

An der Galerie hei drënner kënnt dir iech déi schéinste Fotoen vum Nadine sengem Camino an och d'Fotoen vun den neiste Projeten aus de Schoulen ukucken.







Suivante Dernière

baobabà propos de
MADAGASCAR
Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
Lire la suite

Ceci est une vidéo de Youtube. Cliquez ici afin d'accepter des cookies de Google.

» plus de vidéos