Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Mauer mat Paart ronderëm de Lycée vun Ambararatabe

    2024-06-02

    Ronderëm de Lycée d'enseignement général vun Ambararatabe gouf an de leschte Méint eng Mauer gebaut, fir déi ganz Enceinte (Schoulgebai, Haff, Sportsterrain,...) virun Zebuen an ongebiedene Gäscht ze schützen. Dës Woch huet d'Direktioun eis informéiert, dass d'Entréespaart elo endlech montéiert gouf, sou dass d'Schoul elo sécher ass.

    Merci allen Donateuren, déi eis et erméiglecht hunn, dës Sécherheetsmoossnam ze finanzéieren.






    Club Soroptimist Luxembourg-Melusina

    2024-06-02

    Den 21. Mee 2024 hunn eis Presidentin Nadine Elcheroth an eis Trésorière Christiane Gros am Club Soroptimist Luxembourg-Melusina souwuel eis Asbl an eis Projeten ewéi och eng méiglech Zesummenaarbecht mam Club Soroptimist vun Antananarivo virgestallt.
    Eis Aarbecht op Madagaskar wier ouni eis zouverlässeg Partnerinnen vun deem Club vun Tana ganz schwéier. Si gi reegelméisseg an eis Partnerschoulen kucken, ob alles esou leeft, wéi et soll, verwalten eise malgache Kont an hëllefen an de Schoulen bei der Verdeelung vum Schoulmaterial oder anere Projeten.
    Bei hirer Visitt 2023 op Madagaskar kruten d'Nadine an d'Christiane vun den Dammen ee Projet vum Club Soroptimist virgestallt mat ënnert anerem enger Dokteschpraxis, enger Gebuertsstation an enger Crèche. Well eis Asbl net d'Mëttelen huet, dëse Projet och nach finanziell ze ënnerstëtzen, hunn d'Nadine an d'Christiane versprach, de Kontakt mat engem Club Soroptimist vu Lëtzebuerg en Vue vun enger méiglecher Ënnerstëtzung an d'Weeër ze leeden.
    Iwwert eis Member Marie-Jo Decker, déi Presidentin vum Club Luxembourg-Melusina ass, koum dëse Kontakt zestanen.
    Mir si gespaant, ob a wéi d'Zesummenaarbecht sech entwéckelt.






    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos