![]() | Chèque-Iwwerreechung an der Useldenger Schoul2024-07-20D'Schüler aus der Useldenger Schoul hunn dëst Schouljoer bei verschidden Aktivitéiten, ënnert anerem engem Benefizlaf, Sue gesammelt, déi si eiser Asbl spende wollten.
Um leschte Schouldag waren d'Christiane an d'Nicole dunn op d'Chèque-Iwwerreechung invitéiert, déi am Kader vum Schoulfest um Futtballsterrain stattfonnt huet. Si waren iwwerwältegt, wéi si gewuer goufen, dass déi riseg Zomm vun 8765€ gespend gouf.
D'Spenden aus de Schoulen vun Useldeng a Käerch erméiglechen eis, d'Schoulmaterial fir iwwer 1000 Schüler aus eise 4 Partnerschoulen fir d'Schouljoer 2024/2025 ze finanzéieren. |
![]() | Chèque-Iwwerreechung an der Käercher Schoul2024-07-20Den 8. Juli 2024 waren d'Christiane an d'Sandra op Käerch, fir de Schüler eis Asbl an eis Aarbecht op Madagaskar virzestellen.
D'Kanner aus der Käercher Schoul hate fir hire leschte Chrëschtmaart vill gebastelt, gemoolt a gebak. Si konnten esou 1500€ sammelen, déi si eiser Asbl spenden, fir esou eis Partnerschoulen op Madagaskar an hir Schüler ze ënnerstëtzen.
|