Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Rentrée 2023 op Madagaskar

2023-09-24

Ufank September war d'Rentrée op Madagaskar. Fir eis 5 Partnerschoulen bedeit dat, dass si d'Schoulmaterial un all hir SchülerInnen kënnen gratis verdeelen, well eis Asbl et finanzéiert. Dëst bedeit eng grouss finanziell Entlaaschtung fir all eenzel Famill an d'Bereetschaft fir d'Kanner an d'Schoul ze schécken klëmmt och bei manner gutt situéierte Leit.

Dëst Joer sinn an deene 5 Schoulen am Ganzen eppes iwwert 1000 Schüler ageschriwwen. Um éischte Schouldag, deen op Madagaskar net an all Schoul um selwechten Dag läit, kommen d'Kanner zesumme mat hiren Elteren an d'Schoul, wou si hir nei Schoulsaachen iwwerreecht kréien. Fir déi eenzel Schouldirektioune bedeit d'Beschafe vum Material fir bis zu 350 Schüler e groussen organisatoreschen Opwand. Si besuerge proforma Rechnungen, déi eise Comité muss ofseenen, éier si d'Material kafe ginn an den Transport an d'Gebai organiséieren. Si an och mir kënnen op déi wäertvoll Hëllef vun eise Partnerinne vum Club Soroptimist vun Antananarivo zielen, déi d'Rechnunge kontrolléieren a beim Verdeelen hëllefen. Hinnen e grousse Merci dofir!

Niewent dem Finanzéiere vum Schoulmaterial suerge mir och dëst Joer dofir, dass déi 180 SchülerInnen aus der Ecole Santa Lucia 4x an der Woch eng gesond Moolzecht an der Kantin zerwéiert kréien. An dëser Schoul stoungen iwwert de Summer eng Rei Aarbechten un (Kichen, Schoulhaff,...). Dozou gitt dir op dëser Plaz geschwë méi gewuer.
Doniewent si mir am gaangen ze kucken, wéi mir eng 2. Schoul kënnen derbäi ënnerstëtzen, hire Schüler e Mëttegiessen unzebidden fir ze verhënneren, dass d'Kanner de laange Schouldag ouni Moolzecht mussen iwwerstoen.
E grousse Merci am Numm vun eiser Asbl, awer och vun alle Schouldirektiounen, Elteren a SchülerInne vun eise Partnerschoulen geet un all eis Donateuren, déi eis et erméiglechen, eis Projeten ze realiséieren a ville Kanner eng Chance op Bildung ze ginn. Dir sidd immens!

Hei drënner fannt dir eng Galerie mat Fotoen vun der Rentrée an eise Partnerschoulen:
Ecole Ilanivato
Lycée d'Ambararatabe
Ecole Mahery Manjaka

Ecole Radama Ier
Ecole Santa Lucia