Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

News vum Camino

2023-08-27

Den 20. Juli huet eis Präsidentin Nadine Elcheroth sech zu Irun iwwert de Camino del Norte op de Wee a Richtung Santiago de Compostela gemaach. Säi Wee huet hatt bei Sonn a Reen iwwert d'Plage, duerch Bëscher, iwwer Kraxelweeër a Stroossen gefouert. Geschlof huet hatt meeschtens an Alberguen an Hostelen, awer tëschenduerch och emol an engem Hotel. Um Wee a besonnesch an den Alberguen huet hatt vill interessant Bekanntschafte gemaach, flott Momenter verbruecht an och nei Frëndschafte geschloss. Op Facebook huet d'Nadine all owes op eng super Aart a Weis de Résumé vum Dag gepost (fir all Facebookler ënnert iech, kuckt iech gären emol seng Säit un).


En Donneschdeg (25. August) ass d'Nadine no 828 Kilometer zu Santiago ukomm. Well hatt ëmmer nach gesond a monter ass, huet hatt decidéiert nach 90 Kilometer drun ze hänken a bis op Finisterre weiderzegoen, wou hatt viraussiichtlech nächste Mëttwoch wäert ukommen.
Grousse Respekt fir deng Leeschtung Nadine a MERCI dir däin Asaz fir eis Asbl!

MERCI och allen Donateuren, déi d'Nadine op sengem Wee ënnerstëtzt hunn. Fir d'Aktioun "Um Camino fir Mada" goufe bis haut schonn iwwer 12'500€ gespend.