Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Päck fir Madagaskar

2023-11-14

Wärend eiser Visitt op Madagaskar am Mee 2023 huet eng Engleschproff aus dem Lycée Ambararatabe eis gefrot, ob mir hir an de Schüler kéinten englesch Schoul- a Liesbicher zoukomme loossen. No engem Opruff bei verschiddenen Enseignants-Kolleeginnen koume ronn 150kg (!!!) englesch Bicher zesummen! Déi goufe verpaakt a lo op de laange Wee Richtung Madagaskar verschéckt. MERCI dem Muriel a Marie-Jo (Lycée Aline Mayrisch), dem Chantal (Lycée Classique Diekirch), dem Paule, Carole a Michèle (Lycée Ermesinde Miersch), déi an hire Lycéen vill englesch Bicher fir Madagaskar gesammelt hunn!

Och e Pak vun 20kg, gefëllt mat Spillsaachen a Kleeder, goufen an eng malgache Crèche geschéckt, déi vun eise Partner op der Plaz, dem Club Soroptimist Tana, an d’Liewe geruff gouf. MERCI dem Manon an dem Muriel, déi dofir gesuergt hunn, dass dëse Pak gutt gefëllt an d’Crèche ka geschéckt ginn!