![]() | Projet "Cantine scolaire"Année: 2021Mir hunn der Ecole Santa Lucia finanziell gehollef, eng Kantin ze amenagéieren a mat Solarkacher a Kichematerial ze equipéieren. Doniewent bezuele mir de Loun vun 3 Kächinnen an d'Liewensmëttel fir dass 4 Mol an der Woch kënne ronn 200 Kanner gratis eng gesond Moolzecht zerwéiert kréien. D’Schoulkantin ass säit dem 1. März 2021 a Betrib an d'Kiche gouf säitdeem schonn erweidert a "moderniséiert". Déi formidabel Schouldirektesch Voahangy këmmert sech all Woch perséinlech drëm, Menüen zesummenzestellen an um Maart frëscht Geméis, Fleesch a Fësch ze kafen. De Grosist liwwert haltbar Liewensmëttel wéi Räis, Ueleg,... a grousse Quantitéiten. Säit dem Joer 2024 bedeelege mir eis och un de Käschte fir ronn 30 Moolzechten an der Ecole Radama Ier. Hei gëtt net op der Plaz gekacht, ma d'Kanner kréien am Iesssall Iessen zerwéiert, dat vu lokale Stroossenhändler geliwwert gëtt.
|