![]() | Projet "Bloc sanitaire"Année: 2019An der Ecole Santa Lucia goufen et bis an d'Joer 2019 guer keng Toiletten. Mir hunn duerfir proposéiert, e Bloc sanitaire am Haff bauen ze loossen, mat e puer Toiletten a Lavaboen. Well et op Madagaskar vill Coupuren vu Waasser a Stroum gëtt, war de Bloc sanitaire net ëmmer mat Waasser versuergt. Aus deem Grond huet eis Asbl am Joer 2023 e Waassertank mat Pompel installéiere gelooss. D'Waasser, wat an den Tank gepompelt gëtt, kann am Fall vun enger Coupure fir d'Spulle vun den Toilette genotzt ginn. |