![]() | Projet "Couture"Année: 2018An der Schoul “Santa Lucia” leeft säit der Rentrée 2018/2019 de “Projet Couture”. Eis Asbl finanzéiert all d’Material, wat gebraucht gëtt (Bitzmaschinnen, Stoff, …) a war an der Haaptstad d’Material zesumme mat der Directrice kafen. D’Schoul huet eng Damm agestallt, déi de Meedercher d’Grondkenntnisser an der Couture bäibréngt. Si bitzen an hire Bitzcoursen d’Schouluniformen an d’Sports-Tenuen, déi all Schüler brauch. Sou hunn dës Meedercher eng minimal berufflech Ausbildung, mat där si sech als “Couturière” hiert Akommes selwer verdénge kënnen, wann si eventuell d’Schoul aus diversen Ursaache mussen ofbriechen. |