![]() | Projet "E Pak fir den Honger"Année: 2020E Pak géint den Honger - Verdeele vun den Iwwerliewenspäck: Dëse Projet ass ganz spontan, aus der Nout eraus, wärend der Pandemie organiséiert ginn. Wéi déi éischt Leit op Madagaskar u Corona erkrankt sinn, hunn sech déi politesch Responsabel séier fir e Lockdown op der Insel entscheet. Op d'Nofro vun eiser Asbl Ufank Juni un eis Partnerschoulen, wéi mir si an dëser Zäit kéinten ënnerstëtzen, koum den Hëllefsruff no Grondliewensmëttel fir d'Famillen vun de Schüler an Enseignanten. Well vill Leit keen Akommes méi haten, huet et hinnen séier u Liewensmëttel gefeelt an d'Leit hunn Honger gelidden.
Mir hunn e Spendenopruff bei eise Membere gemaach a konnten insgesamt 400 Iwwerliewenspäck mat follgendem Inhalt an de Schoulen Santa Lucia, Mahery Manjaka an Ilanivato verdeelen:
1 Sak Holzkuelen, 1 Sak Räis (50kg), 3 Päck Nuddelen, 5 kg Zocker, 5 Liter Ueleg fir ze kachen, 1 kg Salz, 3 Béchse Kondensmëllech, 4 Stécker Seef
E grousse Merci geet hei un eis Partner vum Club Soroptimist Mandriosoa vun Antananarivo fir déi gutt Organisatioun (Besuerge vun de Liewensmëttel a Verdeelen ënner Anhale vun de Covid-Mesuren)
|