![]() | 1. Sitzung vun eisem (erweiderte) Comité 20182018-03-17Di 1. Arbechtssitzung vun eisem (erweiderte) Comité no der Generalversammlung vum 22. Februar 2018! Mir hu vill geplangt, diskutéiert an décidéiert a si voll motivéiert, fir mat der Ënnerstëtzung vun eise Memberen an Donateuren weiderhinn bal 600 Schüler op Madagaskar eng Perspektive ze bidden. Eisen aktuelle Comité setzt sech zesummen aus Nadine ELCHEROTH (Presidentin), Christiane GROS (Trésorière), Armand MIGNON, Nadine DIEDRICH-STEFFEN, Gaby WARINGO-KREMER a Françoise WIWINIUS-BÜCK (neie Member). |