2 832,50 Euro vun de Bartrénger Schoulkanner2017-03-12Et ass an der Bartrénger Schoul schonn eng Traditioun, datt d'Schoulkanner aus dem Cycle 4 all Joer zesumme mat hiren Enseignanten e grousse Chrëschtmaart organiséieren an den Erléis un eng Associatioun weiderleeden, déi sech fir Kanner asetzt, deenen et net sou gutt geet. Dëst Joer guffen an enger sympathischer Feier am Centre "Atert" 2 832,50 Euro un eis asbl gespent. D'Sue vun de Bartrénger Schoulkanner gi während eiser Missioun am Juli 2017 op Madagaskar agesat, fir Bitzmaschinnen, Kachgeschir a Solarkocher vun ADES (www.adesolaire.org) fir d'Schoulen ze kafen. Ee grousse MERCI un all d'Schüler, d'Elteren, d'Enseignanten an déi Responsabel vun der Bartrénger Gemeng, déi all duerch dës Aktioun dozou bäidroen, datt méi Kanner op Madagaskar d'Méiglechkeet op eng schoulesch Ausbildung kréien. D'Präsidentin Nadine Elcheroth huet unhand vu Fotoen kuerz Erklärungen zur Geographie an zu de schwierege Liewensëmstänn vun de Familljen op Madagaskar ginn. Ganz interesséiert a gespannt hunn di 120 Kanner nogelauschtert fir gewuer ze ginn, wat mat hire gesammelte Suen geschitt, wéi' d'Päck an di 5 Schoulen bei di ronn 500 Schüler op Madagaskar geschéckt ginn asw. |