Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

Neit Gebai vun der Ecole Radama Ier

2025-04-21

D'Ecole Radama Ier, eng vun eise Partnerschoulen zu Antananarivo, gouf tëschent 2020 an 2022 komplett renovéiert. Aktuell sinn an dëser wonnerschéiner Schoul 160 Kanner scolariséiert, déi op 10 Klasse verdeelt sinn.
An de leschte Méint gouf eng Annexe, respektiv en 2. Gebai gebaut, dat fir d'Rentrée 2025/2026 soll opgoen. An dësem Deel vun der Schoul sinn 10 weider Klassesäll, 1 Sall fir Bibliothéik an Informatik an en neie Sall fir d'Kantinn.
E grousse MERCI geet op dëser Plaz un eis trei Donatrice Antoinette Schroeder, déi der Schoul scho bei der Renovéierung finanziell kräfteg ënnert d'Äerm gegraff hat, an elo beim neie Gebai d'Käschten fir den Daach, de Buedembelag an déi 12 metallen Dieren iwwerholl huet.
Eis Asbl huet bis elo ë.a. d'Fënsteren vum neie Gebai finanzéiert a wäert déi ganz Bannenariichtung vun de Säll iwwerhuelen.
Duerfir och nachmol e grousse MERCI un all déi, déi eis dëse Projet mat hirem Don erméiglecht hunn.