![]() | Rentrée 2023 op Madagaskar2023-09-24Ufank September war d'Rentrée op Madagaskar. Fir eis 5 Partnerschoulen bedeit dat, dass si d'Schoulmaterial un all hir SchülerInnen kënnen gratis verdeelen, well eis Asbl et finanzéiert. Dëst bedeit eng grouss finanziell Entlaaschtung fir all eenzel Famill an d'Bereetschaft fir d'Kanner an d'Schoul ze schécken klëmmt och bei manner gutt situéierte Leit. Dëst Joer sinn an deene 5 Schoulen am Ganzen eppes iwwert 1000 Schüler ageschriwwen. Um éischte Schouldag, deen op Madagaskar net an all Schoul um selwechten Dag läit, kommen d'Kanner zesumme mat hiren Elteren an d'Schoul, wou si hir nei Schoulsaachen iwwerreecht kréien. Fir déi eenzel Schouldirektioune bedeit d'Beschafe vum Material fir bis zu 350 Schüler e groussen organisatoreschen Opwand. Si besuerge proforma Rechnungen, déi eise Comité muss ofseenen, éier si d'Material kafe ginn an den Transport an d'Gebai organiséieren. Si an och mir kënnen op déi wäertvoll Hëllef vun eise Partnerinne vum Club Soroptimist vun Antananarivo zielen, déi d'Rechnunge kontrolléieren a beim Verdeelen hëllefen. Hinnen e grousse Merci dofir! Niewent dem Finanzéiere vum Schoulmaterial suerge mir och dëst Joer dofir, dass déi 180 SchülerInnen aus der Ecole Santa Lucia 4x an der Woch eng gesond Moolzecht an der Kantin zerwéiert kréien. An dëser Schoul stoungen iwwert de Summer eng Rei Aarbechten un (Kichen, Schoulhaff,...). Dozou gitt dir op dëser Plaz geschwë méi gewuer. Ecole Radama Ier |
![]() | News vum Camino2023-08-27Den 20. Juli huet eis Präsidentin Nadine Elcheroth sech zu Irun iwwert de Camino del Norte op de Wee a Richtung Santiago de Compostela gemaach. Säi Wee huet hatt bei Sonn a Reen iwwert d'Plage, duerch Bëscher, iwwer Kraxelweeër a Stroossen gefouert. Geschlof huet hatt meeschtens an Alberguen an Hostelen, awer tëschenduerch och emol an engem Hotel. Um Wee a besonnesch an den Alberguen huet hatt vill interessant Bekanntschafte gemaach, flott Momenter verbruecht an och nei Frëndschafte geschloss. Op Facebook huet d'Nadine all owes op eng super Aart a Weis de Résumé vum Dag gepost (fir all Facebookler ënnert iech, kuckt iech gären emol seng Säit un).
|