Chèque vum Club Soroptimist Minett: 1 000 Euro!2017-11-16Déi sympathesch Dammen vum "Club Soroptimist Minett" hunn eiser Associatioun e Chèque vun 1 000 EURO iwwerreecht! Dest ass den Erléis vum Betsy Dentzer Nomëtteg a vun der Grill- a Wafelaktioun virum Supermarché. Dësen Don wäert eis Associatioun integral fir de Finanzement vum "Projet de Sécurisation de l'Ecole" vun 2 Schoulen an der Haaptstaadt vu Madagaskar asetzen. MERCI den engagéierten Dammen vum "Club Soroptimist Minett" fir hiren Asaz! MERCI jiddferengem, deen de Soroptimisten hir Aktiounen an domatt och eis Projeten ënnerstëtzt huet! |
![]() | Newsletter 52017-09-20Eis aktuell a gutt gefëllte Newsletter mat allen Informatiounen zu eise Visiten vun de Schoulen op Madagaskar (Juli 2017) an zu der zukünfteger Ausriichtung vun eiser Aarbecht an eise Projeten, kënnt dir lo mat engem Klick hei liesen. D'Fotoen an der Fotogalerie illustréieren eis erfollechräich Missioun op Madagaskar. |