![]() | Rentrée 2021 op Madagaskar2021-09-16Wärend d'Rentrée 2020 nach Ufank Oktober war, huet d'Schoul op Madagaskar dëst Joer schonn den 1. September erëm ugefaangen.
Fir d'Elteren finanziell ze entlaaschten an hinnen esou d'Méiglechkeet ze ginn, hir Kanner an eng Schoul anzeschreiwen, huet eis Asbl och dëst Joer erëm d'Schoulsaachen fir 726 Schüler aus 5 Schoulen finanzéiert. Eis 6. Partnerschoul gëtt momentan komplett renovéiert an hëlt duerfir keng Schüler op.
Well de Covid op Madagaskar och nach ëmmer present ass, hu mir alle Schoulen Désinfectant fir d'Hänn an och fir d'Klassesäll finanzéiert. Et ass immens wichteg, dass déi néideg Hygiènesmesuren an de Schoulen agehale ginn fir d'Verbreeden vum Virus an de Klassen an déi doraus resultéierend Quarantänen ze vermeiden.
Dat ganzt Material gouf vun de Schoulverantwortlechen bei lokalen Händler kaaft an un d'Schüler verdeelt.
Mir sinn immens dankbar fir d'Hëllef vun de Soroptimisten vun Antananarivo, déi d'Schouldirektiounen an den Demarchen ënnerstëtzen a fir eis op der Plaz kucken, dass alles seng Richtegkeet huet.
E grousse Merci och un all eis Donateuren, ouni déi dës Finanzéierung net méiglech gewiescht wier.
|
![]() | Aktuell Situatioun op Madagaskar2021-05-15D’Situatioun op Madagaskar an eise Schoulen ass covid-bedéngt schwiereg. Opgrond vun de villen Infektiounen (süd-afrikanesch Variant) ass d’Ouschtervakanz op Mada bis den 3. Mee 2021 verlängert ginn. Duerno sinn d’Coursen just weidergelaf fir d’Examensklassen, déi de 6. Juli 2021 landeswäit hir Passage-Examen fir an de Lycée maachen. All déi aner Kanner hu keng Schoul a kréie vereenzelt Aufgaben doheem ze maachen, wann hir Elteren d’Saachen an d’Schoul siche ginn. Vill Regiounen sinn an engem komplette Lockdown. An der Haaptstad Tana ginn et vill Restriktiounen. |