Vous avez des questions? Contactez nous!mail info@epakfirmadagaskar.lutel+352 26 33 26 99fb

    Actualités


    Rentrée an der Ecole Santa Lucia

    2024-09-21

    Och an der Ecole Santa Lucia, enger weiderer Partnerschoul zu Antananarivo, war d'lescht Woch Rentrée. Hei sinn dëst Joer eng 170 Kanner ageschriwwen.
    Si kruten hiert Schoulmaterial vun eiser Asbl finanzéiert a vun der Direktioun, den Enseignanten an 3 Dammen vum Club Soroptimist vun Tana iwwerreecht.
    Wéi schonn an de leschte Joren, finanzéiere mir an der Ecole Santa Lucia weiderhin d'Kantin. Mir iwwerhuelen d'Käschte vun den Akeef an d'Salairen vun 3 Kächinnen, esou dass all d'Schüler op de 4 laange Schouldeeg an der Woch gratis eng waarm Molzecht zou sech huele kënnen. Dat bedeit eng immens grouss finanziell Entlaaschtung fir hir Famillen.
    Ouni déi generéis Donen vun eise Memberen kënnte mir dëse grousse Projet net finanzéieren. Hinnen all duerfir e grousse MERCI!





    Rentrée am Collège Radama Ier

    2024-09-15

    An der kierzlech renovéierter Schoul sinn dëst Joer ronn 160 Schüler ageschriwwen. Si all kruten vun eiser Asbl d'Schoulmaterial finanzéiert. Bei der Verdeelung gouf d'Direktioun erëm vun 3 Dammen vum Club Soroptimist Mandrosoa vun Antananarivo ënnerstëtzt. Hinnen e grousse Merci dofir.
    Wa fir d'Rentrée 2025 dat neit Gebai fäerdeg ass, wäert sech d'Schülerzuel vum Collège Radama Ier quasi verduebelen.
    MERCI allen Donateuren, déi eis et erméiglechen, de Schüler hiert Material zur Verfügung ze stellen, wat eng grouss finanziell Entlaaschtung fir hir Famille bedeit.






    Première Précédente Suivante Dernière

    baobabà propos de
    MADAGASCAR
    Madagascar, une île située dans l'Océan Indien, s'étend sur une superficie de 590000 km2. …
    Lire la suite


    » plus de vidéos